SUESSEM.CSV.LU /CSVSUESSEM KONTAKT- AN INFORMATIOUNSBLAT VUN DER CSV SUESSEM OP DE PUNKT. MÄR SI PRETT! 100% ENGAGÉIERT FIR EIS GEMENG! E Sonnden, den 8. Oktober 2017, ass et esouwäit! Da kënnt Där entscheeden, weem Där Äert Vertraue fir déi nächst 6 Joer wëllt schenken. An eiser leschter Ausgab vum „Op de Punkt“ hu mär Äech déi perséinlech Prioritéite vun eise Kandidaten duergeluecht, andeems mär nëmmen e puer Punkten aus eisem Wahlpro- gramm erausgepickt hunn. Där hat awer och d’Méiglechkeet, eise kom- plette Wahlprogramm duerchzeliesen, fir Äech eng besser Iddi ze maachen, fir wat d’CSV steet. Nodeems mär Äech virun der grousser Va- kanz eis Kandidate vun hirer politescher Säit beliicht hunn, weise mär eis op den nächste Säite gäre vun eiser privater Säit an all eenzele Kandidat erkläert och de Grond vun sengem politeschen Engage- ment. Ech kann Äech versécheren, dass déi 17 CSV Kandidaten all bereet sinn, sech 100% fir eis Gemeng z’engagéieren an och Verantwor- tung z’iwwerhuelen! Schenkt hinnen Äert Vertrauen andeems Där de Krees iwwert eiser Lëscht schwäerzt oder Är 17 Kräizer op eiser Lëscht verdeelt. Mär soen Äech Merci am Viraus fir Äert Vertrauen! Nous sommes prêts! 100% engagés pour notre commune! Le 8 octobre arrive à grands pas. À cette date, vous déciderez à qui vous allez donner votre confiance pour diriger notre commune pendant les 6 prochaines années. Dans notre dernière édition du «Op de Punkt», nous vous avons présenté les priorités per- sonnelles de nos candidats en sélectionnant quelques points de notre programme électo- ral. Sur notre site internet (https://suessem. csv.lu/files/2017/09/Programme-Sanem_ FR.pdf), vous trouverez notre programme dans son entièreté en langue française, afin de permettre de vous faire une meilleure idée des engagements du CSV. Après une présentation plus politique de nos candidats dans une édition précédente, les pages suivantes vous feront découvrir notre côté privé et chacun d’entre nous explique la raison de son engagement politique. Je peux vous assurer que les 17 candidats du CSV sont tous prêts à s’engager à 100% pour notre commune et à prendre des res- ponsabilités ! Prêtez-leur votre confiance en cochant la case au-dessus de notre liste ou bien en répartissant vos 17 voix sur notre liste. Nous vous remercions d’avance pour votre confiance! NATHALIE MORGENTHALER Spëtzekandidatin & Presidentin vun der CSV Suessem Tête de liste & présidente du CSV Sanem 3 © VAL WAGNER PAUL POMANTE 59 Joer, Eilereng CHEM Ugestallten an der Préretraite Sport kucken, Liesen, an der Natur sinn, Musik lauschteren Esou ewéi vill Bierger aus eiser Gemeng wënschen ech mer och an enger inno- vativer, attraktiver a moderner Gemeng ze wunnen, an dofir wëll ech mech un der Gemengepolitik bedeelegen an do hellëfen, wou et mer méiglech ass. FRANCA ROMEO 59 Joer, Zolwer Pensionnéiert Gemengebeamtin Molen, Nordic Walking, Reesen, Famill Responsabel Staff Artikuss, Sekretärin Bieleser Entente, Member Comité GSH (Gemeng Suessem hëlleft), Member Comité Amis de la Fleur Bieles Eierlech engagéiert fir zesumme mat eise Gemengebierger an eise Wäerter eng dynamesch Gemeng fir muar ze schafen. MIKA WAGNER 21 Joer, Zolwer Pilot Lafen, Tauchen, Segelen Sportsfliegerei (Aéro-Sport du Luxembourg) Ech sinn eng Persoun, déi sech fir säi Wëllen a seng Iwwerzeegungen asetzt. D’CSV Suessem erlaabt mir genau dat: eng Hand mat unzepaken, meng Kompetenzen op der richteger Plaz uwenden ze kënnen an zesumme mat enger staarker an dynamescher Equipe eppes verbesseren ze kënnen. ALBERT MENGHI 61 Joer, Suessem Pensionnéierten Informatiker Informatik, Musik & Gesank, Reesen Vizepresident LCGB Gemeng Suessem & LCGB-SESM, Member Comité CIGL, Vizepresident Lëtzkulti asbl. En oppent Ouer fir de Bierger hunn an houfreg sinn, d‘Problemer vun de Matbierger ze léisen, egal wéi kleng oder grouss se sinn. CARINE REUTER-BAULER 62 Joer, Suessem Pensionnéiert Engleschprofessorin Gemengerot Sangen, Liesen, Famill Presidentin Chorale Ste Cécile Suessem, Presidentin Suessemer Entente, Vize- presidentin GSH (Gemeng Suessem hëlleft) Meng Haaptmotivatioun fir politesch aktiv ze sinn ass de Wëllen, de Leit aus eiser Gemeng Sécherheet an eng gutt Liewensqualitéit ze garantéieren. Als Gemengepolitiker kann ee sech direkt asetze fir déi Leit, deenen een all Dag begéint a mat deenen ee perséinlech a Kontakt komme kann. JOS SCHMIT 60 Joer, Zolwer Pensionnéierten Arcelor Mittal Ugestallten Kachen, Bénévole bei der Main Tendue Vizepresident Zolwer Entente, Sekretär Zolwer Basket, President Jugendkommissioun Zolwer Basket Meng Haaptmotivatioun ass dozou bäize- droen, dass eis Gemeng an der Zukunft méi interessant a liewenswäert gëtt, andeems ech mech asetze fir méi e grousst Mat- sproocherecht fir de Bierger bei der Ge- staltung vun eiser Gemeng. SUESSEM.CSV.LU /CSVSUESSEM