Top Banner
01 www.100komma7.lu HIGHLIGHTS VUM JANUAR THEMA VUM MOUNT EIS INSTITUTIOUNEN 01 / 2019
11

HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

Jul 06, 2020

Download

Documents

dariahiddleston
Welcome message from author
This document is posted to help you gain knowledge. Please leave a comment to let me know what you think about it! Share it to your friends and learn new things together.
Transcript
Page 1: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

01

www.100komma7.lu

HIGHLIGHTS VUMJANUAR

THEMA VUM MOUNTEIS INSTITUTIOUNEN01 / 2019

Page 2: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

3

ImpressumÉditeur: Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, Établissement Public Oplo: 12.000 10 x am Joer gratis verschéckt vum: radio 100,7 | 21a, av. J.F. Kennedy | L-1855 Lëtzebuerg | Postkëscht 1833 | L-1018 Lëtzebuerg Tel.: 44 00 44-1 E-Mail: [email protected] Grafik: Vidale-Gloesener Drock: rekaprint+

Follow us on Facebook: www.facebook.com / 100komma7 Twitter: @100komma7

Programmännerunge si méiglech.

INHALTSVERZEECHNES

EXKLUSIV & LIVE De radio 100,7 live vum Eurosonic .......................................................... Säit 4 Neijoerschconcert Live: Première fir de Christian Thielemann ............. Säit 5 Penderecki dirigéiert Penderecki: Live vu Saarbrécken ........................ Säit 5 Vun Näischnotzen an Helden: Live aus der Philharmonie ..................... Säit 5

THEMA VUM MOUNT: EIS INSTITUTIOUNEN .............................. Säit 6

WEIDER HIGHLIGHTS Komponist vum Mount: Alexander Müllenbach ..................................... Säit 8 Mir Klengbierger ...................................................................................... Säit 9 Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert ................................ Säit 10 Hanner de Kulissen .................................................................................Säit 11 Pro-Phil ................................................................................................... Säit 12 Soundtracks & Classics ......................................................................... Säit 13

GEWANNT CONCERTS- A KINOSTICKETEN .............................. Säit 14

WOCHENIWWERBLÉCK ................................................................... Säit 16

Armoiries du Grand-Duc de Luxembourg au Palais Grand-Ducal, Luxembourg-Ville

LILIT GRIGORYAN — CÉDRIC PESCIASHEILA ARNOLD — MICHEL REIS

CATHY KRIER — FRANÇOIS-FRÉDÉRIC GUYSHANI DILUKA — PAVEL GILILOV

WWW.FESTIVAL-PIANO.LU

24 - 27 JANVIER 2019

AD_CAPE_A5_100.7_Festival piano_PROD.indd 1 09/11/2018 12:22

Page 3: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

4 5

Neijoerschconcert 2019Première fir de Christian Thielemann

2019 dirigéiert de Christian Thielemann, Chefdirigent vun der Sächsischen Staatskapelle Dresden, säin éischten Neijoerschconcert am Musikverein zu Wien. Zanter bal 20 Joer ass hie reegelméisseg Gaascht bei de Wiener Philharmoniker.

Wéi all Joer gëtt den Neijoerschconcert live an iwwer 90 Länner iwwer-droen, an och de radio 100,7 ass 2019 nees mat derbäi.

Penderecki dirigéiert PendereckiDe Krzysztof Penderecki ass de bedeitendsten zäitgenëssesche Kompo-nist. 85 Joer krut hien am November.

1959 schreift de Penderecki seng éischt bedeitend Kompositioun. Seng 8. Symphonie gouf den 23. Juni 2005 fir d’Ouverture vun der Philharmonie uropgefouert.

Zu Saarbrécken dirigéiert de Krzysztof Penderecki de luese Saz aus senger 3. Symphonie a säin 2. Concerto fir Gei mat der Ye-Eun Choi als Solistin.

De radio 100,7 an SR2 KulturRadio iwwerdroen dëse Concert live aus der Congresshalle zu Saarbrécken.

Vun Näischnotzen an HeldenDem Richard Strauss huet et ni u Fantasie gefeelt, fir déi ënnerschidd-lechst Charakteren – inklusiv sech selwer – musikalesch treffend an Zeen ze setzen. 1895 fënnt hien déi richteg Téin fir den Till Eulenspiegel, deen den Uz mat de Leit mécht. De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spillt, den 18. Januar, Till Eulenspiegel an Ein Heldenleben vum Richard Strauss.

De radio 100,7 an SR2 Kulturradio iwwerdroen de Concert vun 20.00 Auer u live aus der Philharmonie.

1.1.um 11:05 live vu Wien

11.1.um 20.00 live vu Saarbrécken

18.1.um 20:00 live aus der Philharmonie

EXKLUSIV & LIVE

De radio 100,7 live vum EurosonicDéi kleng hollännesch Stad Groningen ass e Mekka fir nei Popmusek. All Joer am Januar gëtt d’Museksbranche sech Rendez-vous fir den Eurosonic Festival. Niewent engem breet ugeluechte Programm mat Konferenzen, Virträg an Networking-Méiglechkeeten, sti Showcase-Concerten um Programm. Iwwer 350 Acts, 40 verschidde Länner presentéieren hire Pro-gramm virun engem Fachpublikum. Ënner den Invitéë si 420 international Festivalen, déi zu Groningen en Deel vun hirer Affiche akafen.

De radio 100,7 bitt all Joer engem Numm vu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet fir um Eurosonic opzetrieden. 2019 ass dat Napoleon Gold. No enger EP um amerikanesche Label Cinematic Music Group schafft de Mastermind Antoine Honorez momentan un engem éischten Album. Den Eurosonic ass fir hien e potentiellt Sprangbriet fir seng Carrière ze lancéieren. Och Say Yes Dog spillen um Eurosonic.

Den Tom Dockal an den Yves Stephany si vum 16. bis den 18. Januar zu Groningen.

Freides, den 18.1. kënnt d’Emissioun Spektrum live vum Eurosonic.

16.1.-18.1.

© Bart-HeemskerkNapoleon Gold11.1. Krzysztof Penderecki

© Akumiszcza1.1. Neijoerschconcert, Musikverein, Wien

© Michal Osmenda18.1. Jian Wang

© Xu Bin

Page 4: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

6 7

THEMA VUM MOUNT

De Januar 1919 war e Mount, deen duerch grouss politesch Krisen an d’Lëtzebuerger Geschicht agoe sollt. Munch Institutioun huet viru genee honnert Joer gewackelt.

De Fortbestand vun der Monarchie, déi an de Méint virdrunner a verschid-denen europäesche Länner als direkt Suite vum Enn vum Éischte Weltkrich ofgeschaaft gouf, gouf a Fro gestallt: D’Vollek konnt am September vum selwechte Joer an engem Referendum ofstëmmen. D’Resultat huet d’Monarchie an d’Grande-Duchesse Charlotte, déi duerch hiert Enga-gement spéitstens am Zweete Weltkrich zur Mamm vun der Natioun avancéiere sollt, confirméiert.

Haut, 100 Joer méi spéit, stellt kaum nach een am Land de Grand-Duc an d’Monarchie als Institutioun a Fro.

Froe gi sech awer ronderëm d’Verfassung gestallt. Datt dëst Dokument aus dem nonzéngte Joerhonnert net méi an alle Punkten zäitgeméiss ass, doriwwer besteet Konsens.

Wéi ginn eis Institutiounen, zu deenen och eis nei Regierung gehéiert, mat der Verfassungsreform ëm? Wat si wichteg Institutiounen hei am Land a wéi hunn dës sech am Laf vun de leschte Joren a Joerzéngte verännert?

Dat alles si Froen, deene mir am Kader vun eisem Thema vum Mount noginn an op déi mir, de ganze Januar duerch, Äntwerte sichen.

EIS INSTITUTIOUNEN … A GUDDER VERFASSUNG? 1

EE MOUNT, EEN THEMA: EIS INSTITUTIOUNEN

Monarchie – Vun der Demissioun vun der Marie-Adelheid bis bei den Ierfgroussherzog Guillaume

Verfassung – Ass se nach zäitgeméiss a wou ass hir Reform drun. Kënne mir mat dëser Reform an der neier Legislatur rechnen?

De Staatsrot – Wéi funktionéiert en? Wou kënnt en hier? Wat ass seng aktuell Berechtegung a géif et Alternativen zu dësem Organ ginn?

Déi kathoulesch Kierch – Wou steet dës historesch Institutioun no der Trennung vu Kierch a Staat?

Déi dräi demokratesch Pouvoiren – Wéi funktionéiere Regierung, Parlament a Geriicht mat hirem inoffizielle Kontrollorgan, der Press?

CGDIS a Police – Eis Sécherheetsinstitutioune matten am Wandel

Prisong a Psychiatrie – Zwou Institutiounen, déi op den zweete Bléck vill méi mateneen ze dinn hu wéi op deen éischten

5.1. um 09:40

7.1. um 09:40 an 13:15

12.1. um 09:40

14.1. um 09:40 an 13:15

19.1. um 09:40

21.1. um 09:40 an 13:15

28.1. um 09:40 an 13:15

Constitution du Grand-Duché de Luxembourg, 1868 © Government of the Grand-Duchy

of Luxembourg

Page 5: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

8 9

WEIDERHIGHLIGHTS

2Alexander Müllenbach (*23.1.1949)Seng Wierker gi ronderëm déi ganz Welt opgefouert, ënner anerem zu St. Petersburg, London a Peking. Och hie selwer huet et fréi an d’Ausland gezunn. Firwat?

Dat erkläert de Komponist 1998 an engem radio 100,7-Interview esou: "Dat huet domat ze dinn, datt ech am Fong geholl jo ganz ganz fréi schonn am professionelle Liewe stoung. Ech hu mat 18 ugefaangen ze enseig-néieren an ech si mat 21 hei scho Professer um Conservatoire ginn. A mat 26 hunn ech mech gefrot: Du kanns dat dach net bis 65 elo einfach esou weidermaachen. Do muss iergendeppes passéieren."

Den Alexander Müllenbach hëlt d’Decisioun op Salzburg ze goen a baut sech do e Liewen als Enseignant, Komponist, Pianist an Dirigent op. Seng Verbindungen zu Lëtzebuerg gëtt hien awer ni op. Och fir säi 70. Gebuertsdag kënnt den Alexander Müllenbach nees op Lëtzebuerg, fir als Komponist vum Mount Januar mam Luc Boentges um radio 100,7 iwwer säi Liewen a Wierk ze schwätzen.

KOMPONISTVUM MOUNT

3Eigentlech, esou eng bekannt Previsioun aus dem 19. Joerhonnert, sollte Klengbierger als sozial Klass lues a lues verschwannen. D’Zukunft, esou d’Iddi, géif bestëmmt vum Kampf tëschent Proletarier a Groussbierger. Bekanntlech ass et net esou komm. Oder net esou wéi d’Auteure vun dëser Previsioun, de Marx an den Engels, dat geduecht haten. Klengbierger sinn net nëmmen net aus der Geschicht verschwonnen, mee verschidde Sozio-loge mengen esouguer, datt si déi kulturell Virherrschaft iwwerholl hunn.

Klengbiergertum kann also méi bezeechnen, wéi eng sozial Klass. Et charakteriséiert sech och duerch eng Welt- a Liewensopfaassung a fir verschidden Auteuren esouguer duerch eng ganz bestëmmten Zort vu Psychologie.

Klengbierger sinn eng Zort vu gesellschaftlechen Tëschewiesen, weder Aarbechter nach Groussbierger, mee e bësse vu béidem. A si fille sech net wuel an hirer Roll, wéilte léiwer emol Groussbierger sinn, doduerch versteet een dann och, ënner anerem, déi variabel politesch Affinitéite vun de Klengbierger.

Eng Serie vum Thierry Simonelli.

Déi nei Klengbierger

D’Séil vun de Klengbierger

D’Sozialpsychologie vun de Klengbierger

D’Kultur vun de Klengbierger

MIR KLENGBIERGER

Mëttwochsum 11:10

8.1. um 11:10

15.1. um 11:10

22.1. um 11:10

29.1. um 11:10

Page 6: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

10 11

54 Fir datt Schauspiller op der Bühn brilléieren, ass en Zesummespill vun enger Equipe vu Spezialisten hanner der Bühn noutwendeg. Professioneller, dee-nen hir Aarbecht fir de Succès vun enger Theaterproduktioun op d’mannst geneesou vill bäidréit, wéi déi vun engem Schauspiller, gi beliicht.

RegisseurInDe Regisseur setzt en Theaterstéck op der Bühn ëm. Hien ass de Chef d’or-chestre, dirigéiert Prouwen an decidéiert iwwer d’Bühnebild, d’Kostümer an de Maquillage.

RegieassistentIn De Regieassistent suergt dofir, datt d’Decisioune vun de Spezialisten an dem Ensembel agehale ginn. Dacks ass en och fir d’Gestioun vun den Accessoiren zoustänneg.

DramaturgInDen Dramaturg ass e kritesche Gespréichspartner a begleet de Konscht-prozess vun enger Theaterproduktioun vun Ufank un.

TheaterschrëftstellerInDen Theaterschrëftsteller schreift – dacks op Commande – Kaméidisstécker, Dramaen oder Tragedien, oder setzt literaresch Texter an Theaterskripter ëm.

TheaterpädagogInDen Theaterpädagog schafft am Beräich vun der Zuschauerresonanz a -beobachtung. Hie bréngt de Leit den Theater méi no oder stäerkt z. B. hir Perséinlechkeet duerch Theatertechniken.

HANNER DE KULISSEN

3.1.um 11:10

PIERRE WERNER, E MËNSCH A SENGEM JOERHONNERT

10.1.um 11:10

17.1.um 11:10

De Pierre Werner, säi Liewen, seng politesch Carrière, zu Lëtzebuerg an iwwer d’Grenzen eraus, ginn an dëser Radiossendung mëttwochs a freides beschwat. Unhand vun Interviewen, Zeitungsartikelen, Tounarchiven an aneren Dokumenter aus dem perséinlechen Archiv vum Pierre Werner, versicht de Michel Delage d’Haaptetappe vum Politiker senger Biographie nozezeechnen a se an hire Kontext ze setzen.

Zesumme mam Center for Contemporary and Digital History C2DH vun der Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister erméiglecht ee Réck-bléck op dat 20. Joerhonnert, eng frësch Vue op d’Geschicht vu Lëtzebuerg an Europa.

Gebuert an Originnen

Dem Pierre Werner seng schoulesch a kulturell Ausbildung

Henriette Werner-Pescatore

Den Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg a seng Konsequenzen

Lëtzebuerg an de 50er a 60er Joren – De Wee zum moderne Staat

De Rapport Werner, säin Echec a seng Pionéierroll an der Kreatioun vum Euro

Stolkris, politesch Kontestatioun, wirtschaftleche Wandel an d’Enn vun der Ära Werner

2.1. um 09:40 an 13:15

4.1. um 09:40 an 13:15

9.1. um 09:40 an 13:15

16.1. um 09:40 an 13:15

18.1. um 09:40 an 13:15

23.1. um 09:40 an 13:15

30.1. um 09:40 an 13:15

24.1.um 11:10

31.1.um 11:10

Pierre Werner © Archives familiales Pierre Werner

Page 7: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

12 13

76 Kompositioune fir de Kino an de klassesche Repertoire – Wat ënnerscheet Filmmusek vun de klassesche Wierker? Ginn et Iwwerschneidungen? Oder lafe se parallel nieftenaner? Wat sinn déi musikalesch Eegeschafte vun deene spezifesche Genren? Den Nino Rota huet z. B. iwwer 150 Filmmuseke komponéiert. D’Themen aus sengem Soundtrack La Strada huet hien awer och fir eng Suite de ballet mam selwechten Numm benotzt. D’Martine Reuter an de Manuel Ribeiro ginn dësen Themen op de Fong.

Glass, de MinimalistDe Philip Glass komponéiert net nëmme fir de Bühnen- a Concertsbetrib, mee och fir d’Kinoswiesen: ë. a. Truman Show, The Illusionist oder The Hours droe seng musikalesch Handschrëft.

De Korngold an HollywoodÉier den Erich Wolfgang Korngold an d’USA geflücht ass a fir grouss Holly-wood Produktioune geschafft huet, war hien zu Wien an der Klassik aktiv.

Rota: "Ech schreiwe Klassik"Nieft Soundtracke wéi The Godfather a senger Zesummenaarbecht mam Regisseur Federico Fellini, huet den Nino Rota eng grouss Unzuel vu konzertanter Musek an Opere geschriwwen.

De Williams, dee BekanntstenNieft Soundtracke fir Star Wars, Indiana Jones, Harry Potter oder Schindler’s List, huet den John Williams och eng Onmass vu Concerti an Orchesterstécker komponéiert.

SOUNDTRACKS & CLASSICS

Pro-Phil ass eng Sendung, an där divers Themen oder Froe vun engem philosophesche Standpunkt aus diskutéiert ginn. De Gilles Retter, de Joel Holtzem an den Thomas Koenig behandelen eng bestëmmte Fro an déi méiglech Äntwerten dozou. Dobäi analyséiere si d’Implicatiounen, d’Argu-mentatiounen oder d’Iwwerzeegungen, déi sech hanner deenen Äntwerte verstoppen a kucken, falls méiglech, wéi eng Konsequenzen an ethesch Problemer se mat sech bréngen.

Am Januar, wou d’Thema vum Mount eis Institutioune sinn, stelle si sech zum Beispill d’Fro, op de Bierger fäeg ass, mat senge politesche Fräihee-ten ëmzegoen. Dobäi gëtt ënner anerem gekuckt, wouran déi Fräiheete bestinn a wat hire Rapport mat der Verfassung ass. Och ginn d’Argumen-tatioune vun dräi Positiounen diskutéiert, déi ganz verschidden Äntwerten zu der zentraler Fro ginn. De Fazit wäert dann eng Reflexioun sinn, wéi e gudden Ëmgang mat deene Fräiheeten ausgesi kéint.

PRO-PHIL

13.1.um 09:04

8.1.um 13:30 an 19:30

15.1.um 13:30 an 19:30

22.1.um 13:30 an 19:30

29.1.um 13:30 an 19:30

Statue d'ange avec symboles du pouvoir, Chambre des députés, Luxembourg

Page 8: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

14 15

GEWANNT CONCERTS- A KINOSTICKETEN

Schéckt eis eng E-Mail mat der gewënschter Virstellung op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.

COUP DE CŒUR

Schéckt eis eng E-Mail mam gewënschte Concert op [email protected] oder rufft un um 44 00 44 800. D’Gewënner ginn ausgeloust.

16.1. Rising stars Mëttwoch, 20:00Kian Soltani Cello | Mario Häring Piano Beethoven: Cellosonate N° 4 Helbock: Soul-Searching for violoncello and piano | Poulenc: Sonate pour violoncelle et piano | Rachmaninov: Sonate pour violoncelle et piano op. 19 Dëse Concert gëtt enregistréiert vum radio 100,7 an de 17.2.2019 diffuséiert.

18.1. Grands rendez-vous Freideg, 20:00Orchestre Philharmonique du Luxembourg Nikolaj Szeps-Znaider Direktioun | Jian Wang Cello Strauss: Till Eulenspiegels lustige Streiche | Elgar: Concerto pour violoncelle et orchestre | Strauss: Ein Heldenleben (Une vie de héros) Vortrag Christoph Gaiser (D)

11.1. Musiques d’aujourd’hui Freideg, 20:00Pierre-Laurent Aimard, Tamara Stefanovich Piano Nicolaou: Frames for piano four hands | Birtwistle: Keyboard Engine for two pianos | Boulez: Structures II pour deux pianos | Messiaen: Visions de l’Amen pour deux pianos résonances

25.1. Aventure+ / iPhil Freideg, 19:00"From Helsinki to California" Orchestre Philharmonique du Luxembourg Alexander Shelley Direktioun | Martin Grubinger Perkussioun Sibelius: Symphonie N° 5 | Salonen: Helix | Aho: Sieidi for Percussion and Orchestra

Nik

ola

j Zn

aid

er

© L

ars

Gu

nd

erso

enP

ierr

e-La

ure

nt A

imar

d

© M

arco

Bo

rgg

reve

Kia

n S

olt

ani

© J

uve

nit

o M

ateo

COUP DE CŒUR

Mar

tin

Gru

bin

ger

©

Sim

on

Pau

ly

Green BookRegie: Peter Farrelly Mam: Viggo Mortensen, Mahershala Ali, Linda CardelliniDrama, Biopic | Vereenegt Staaten | 131‘Sortie den 23. Januar an de Säll vum Grupp Kinepolis

De renomméierte schwaarze Pianist Dr. Don Shirley a säi Chauffer ver-trauen op hirer Rees duerch d’Südstaaten op de Guide Green Book, an deem Plazen opgelëscht sinn, an deene Schwaarzer eragelooss ginn. – Eng Rees, op där et drëm geet, eege Viruerteeler ofzebauen.

Border (Gräns)Regie: Ali Abbasi Mam: Eva Melander, Eero Milonoff, Jörgen Thorsson Drama | Schweden, Dänemark | 101‘ Sortie den 30. Januar an de Säll vum Grupp Kinepolis

D'Tina schafft op der Douane, säi besonnescht Talent, Scholdgefiller, Angscht oder Nervositéit ze richen, hëlleft him Schmuggler ze enttarnen. Mam Prix Un Certain Regard ausgezeechent a fir d’Oscaren nominéiert.

20.1. BolshoiSonndeg, 16:00 am Utopia um LampertsbiergLa BayadèreMusek: Léon MinkusChoreographie: Marius Petipa

12.1. MET Live Samschdeg, 18:55 am Kinepolis um KierchbiergAdriana LecouvreurMusek: Fransecso Cilea | SängerInnen: Anna Netrebko, Jennifer Rowley, Gianandrea Noseda, Anita Rachvelishvili, Piotr Beczala, Carlo Bosi

An

na

Net

reb

ko /

Ad

rian

a Le

cou

vreu

r

© V

ince

nt P

eter

s/M

et O

per

a

Page 9: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK JANUAR 2019

MÉINDEG DËNSCHDEG MËTTWOCH DONNESCHDEG FREIDEG

06:00 - 09:00 VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG VIRUM DAG 06:00 - 09:0006:00 + 06:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 06:00 + 06:3006:20 Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles 06:2007:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 07:0007:15 Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue Presserevue 07:1507:20 Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag Europa Aktuell Dossier vum Dag 07:2007:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 07:3007:32 Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag Invité vum Dag 07:3207:50 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 07:5008:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 08:0008:15 Presserevue (R) Presserevue (R) Presserevue (R) Presserevue (R) Presserevue (R) 08:1508:20 Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) 08:2008:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 08:3008:35 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 08:3508:50 Chronik Fräie Mikro Chronik Fräie Mikro Chronik 08:5009:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 09:0009:04 - 12:00 MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN MOIES - MAGAZIN 09:04 - 12:0009:20 Dossier vum Dag (R) Dossier vum Dag (R) Dossier vum Dag (R) Dossier vum Dag (R) Dossier vum Dag (R) 09:2009:40 Ee Mount, een Thema: Eis Institutiounen Prisma Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert ZäithistorikerIn: Fokus op 1919 Café Scientifique / Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert 09:4010:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 10:0010:04 Invité Invité Invité Invité Invité 10:0411:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 11:0011:10 25 Joer radio 100,7: Grouss

Perséinlechkeete vum 20. JoerhonnertMir Klengbierger Komponist vum Mount:

Alex MullenbachHanner de Kulissen Foodtruck / Feiertage / Klangbiller 11:10

11:30 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 11:3012:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 12:0012:12 - 13:30 IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG IWWER MËTTEG 12:12 - 13:3012:15 Chronik (R) Fräie Mikro (R) Chronik (R) Fräie Mikro (R) Chronik (R) 12:1512:22 Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles Aktuelles 12:22 12:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 12:3012:35 Kultur Kultur Kultur Kultur Kultur 12:3512:50 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 12:5013:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 13:0013:15 Ee Mount, een Thema: Eis Institutiounen (R) Prisma (R) Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert (R) ZäithistorikerIn: Fokus op 1919 (R) Café Scientifique / Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert (R) 13:1513:30 JAZZIN’ AROUND SOUNDTRACKS & CLASSICS KEY TO CLASSICS SEQUENZA DÉJÀ VU 13:3014:00 RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN RESONANZEN 14:0015:00 - 17:00 SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM SPEKTRUM / LIVE VUM EUROSONIC (18.1.) 15:00 - 17:0016:00 + 17:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 16:00 + 17:0017:07 - 18:30 ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE ËNNERWEE 17:07 - 18:3017:10 Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) Aktuelles (R) 17:1017:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 17:3017:40 Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) Kultur (R) 17:4018:00 Panorama Panorama Panorama Panorama Panorama 18:0018:15 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 Haut um radio 100,7 18:1518:30 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 18:3018:34 - 19:30 TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT TIME OUT 18:34 - 19:3019:00 Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten Noriichten 19:0019:30 JAZZIN’ AROUND (R) SOUNDTRACKS & CLASSICS (R) KEY TO CLASSICS (R) SEQUENZA (R) DÉJÀ VU (R) 19:3020:00 BLUE NOTE PAPPERLAPOP SOIRÉE PHILHARMONIQUE

SEL / OPL / OCL /Opname 25 Joer 100,7CONCERT EURORADIOSchwéierpunkt: Virun 100 Joer uropgeféiert

TRENDSCHEIF / LIVE CONCERT VU SAARBRÉCKEN (11.1.) 20:0021:00 JAZZ UNLIMITED PATCHBAY METAL MELTDOWN / LIVE CONCERT VU SAARBRÉCKEN (11.1.)/

LIVE AUS DER PHILHARMONIE (18.1.)21:00

22:00 Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) Panorama (R) 22:0022:12 JAZZ, ROCK A GAARDEBOUNEN JAZZ, ROCK A GAARDEBOUNEN JAZZ, ROCK A GAARDEBOUNEN JAZZ, ROCK A GAARDEBOUNEN JAZZ, ROCK A GAARDEBOUNEN 22:1223:00 NEW COTTON CLUB (R) E-LODIE (R) BLUE NOTE (R) PAPPERLAPOP (R) LINN 2 (R) 23:0000:00 NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO NOTTURNO 00:00

Page 10: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

18

ANTIQ UE S & ART FAIRLUXEMBOURG

antiquaires.lu(R): Rediffusioun Programmännerunge si méiglech.

RADIO 100,7 WOCHENIWWERBLÉCK JANUAR 2019

SAMSCHDEG SONNDEG

07:00 - 09:00 VIRUM DAG NOTTURNO

07:00 Noriichten

07:30 Noriichten MUSICA SACRA

08:00 Panorama Noriichten

08:04 — EARLY BIRD08:15 Presserevue (R)

08:20 Nationale Wochespigel

08:30 Noriichten

08:35 Kultur

09:00 Panorama Noriichten

09:04 MOIES - MAGAZIN KONFERENZEN / PRO-PHIL / MIXTAPE / VOIX D’AUTEURS

09:20 Nationale Wochespigel (R)

09:40 Ee Mount, een Thema: Eis Institutiounen / Postkaart vum Christiane

10:00 Noriichten Noriichten

10:04 Invité KULTURMAGAZIN

11:00 Noriichten Noriichten

11:04 Grousse Kino RIICHT ERAUS / 25 JOER 100,7 (6.1.)

12:00 Panorama Panorama

12:10 Expresso Beats —

12:20 — Wierder op der Rees

12:30 ESPRESSO BEATS CLASSIC IN CONCERTOPL Apéro / Escher Conservatoire / RMVA / Rising stars

14:00 — MUSEK AM GESPRÉICH

15:00 TRENDSCHEIF (R) NEW COTTON CLUB

16:00 Noriichten Noriichten

16:04 - 18:00 ROCKULTUR GROOVE CLUB

17:00 Noriichten Noriichten

18:00 Panorama Panorama

18:15 GENERATOR —

18:20 — Wierder op der Rees (R)

18:30 GENERATOR RIICHT ERAUS (R)

19:30 AM SPIGEL MUSEK AM GESPRÉICH (R)

20:00 LINN 2

20:30 — NEI MUSEK AM CONCERT

21:00 E-LODIE

22:00 Panorama (R) Panorama (R)

22:10 — SOIRÉE PHILHARMONIQUE (R)SEL / OPL / OCL / Opname 25 Joer 100,7 22:12 JAZZ, ROCK A GAARDEBOUNEN

23:00 METAL MELTDOWN (R)

00:00 / 00:10 -07:00

NOTTURNO NOTTURNO

Page 11: HIGHLIGHTS VUM JANUAR 01 - radio 100,7 · 2018-12-21 · Uni.lu huet de radio 100,7 esou eng Serie vu siwe Podcasten entwéckelt. De Portrait vum fréiere Lëtzebuerger Staatsminister

100 JAHRE BAUHAUS„DIE WELT NEU DENKEN“

1919 in Weimar ins Leben gerufen, 1925 nach Dessau ver-legt und 1933 in Berlin unter dem Druck der Nationalso-zialisten geschlossen, bestand das Bauhaus nur 14 Jahre, seine Bedeutung wirkt aber bis in die Gegenwart.

5 Tage: 26.05. – 30.05.2019

• Stadtrundgang zum Thema Bauhaus in Weimar entlang ausgewählter Bauwerke der Moderne

• Führung durch die Ausstellung “Das Bauhaus kommt aus Weimar” im neuen Bauhaus Museum in Weimar

• Besichtigung des Ensembles Bauhausgebäude und Meisterhäuser in Dessau

• Besichtigung der Bauhaus-Wohnsiedlungen in Dessau-Törten

• Besichtigung der Jubiläumsausstellung „original bauhaus“ in der Berlinischen Galerie

• Exklusive Führung durch das Mies van der Rohe-Haus (Haus Lembke) mit Besuch der aktuellen Ausstellung

Beratung und Reservierung in allenReisebüros von Voyages Emile Weber

Tel.: 35 65 75 - 1 . www.emile-weber.lu

PREIS PRO PERSON:

Doppelzimmer: 795 €

EZ-Zuschlag: 150 €WEIMAR – DESSAU – BERLIN

Annonce_100,7_100JahreBauhaus.indd 1 12.12.18 16:08:34