Top Banner
Meng Bewegungsspiller 2011 Spiller vun de Kanner an den Educateuren aus eisen Haiser Illustratiounen vun de Kanner aus eisen Haiser www.elisabeth.lu Mes jeux préférés
24

Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap...

Mar 06, 2018

Download

Documents

phamdieu
Welcome message from author
This document is posted to help you gain knowledge. Please leave a comment to let me know what you think about it! Share it to your friends and learn new things together.
Transcript
Page 1: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

Meng Bewegungsspiller

2011Spiller vun de Kanner an den Educateuren aus eisen Haiser

Illustratiounen vun de Kanner aus eisen Haiser

www.elisabeth.lu

Pantone Red 032 UPantone 300 UPantone 297 U

100% Magenta / 100% Yellow

Quadrichromie Spot Colors

100% Cyan / 44% Magenta 50% Cyan

Mes jeux préférés

Page 2: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet
Page 3: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

1

Méi bewegen, virwat nët am Spillen?

Vill gëtt iwwer d’Kanner geschriwwen a behaapt. Zum Beispill, si wären just Champions`en an de Computer-spiller an op der Playstation. Dat ka fir eng Rei vun iech esou sinn, mais ech mengen dass déi meescht vun iech sech an de Beweegungsspiller auskennen a mat Freed “Schwaarze Mann” oder “Raiber a Gendaarm” spille kënnen.

Oder éieren net?

Da kënnt d’GIMB-WOCH („Gesond iessen,Méi beweegen“) di an allen Kanner- betreiungsstrukturen vun der elisabeth vum 27.06.11 bis den 01.07.11 organi-séiert gët grad richteg fir all déi Spiller auszeprobéieren, déi schon är Elteren a villäicht schon är Grousselteren gespillt hunn, wéi sie kleng waren a fir zou-sätzlech e puer modern cool Spiller kennen ze léieren. Dat gëtt awer spannend! Ech sinn iwwerzeegt, dass dir vill Spaass drun hutt.

Well Spill a Spaass, dat passt gutt zesummen. Spill ass Beweegung, Spill ass scho wéi Sport: sech moossen fir ze gewannen, eppes fäerdeg bréngen wat net esou einfach ass, zesumme mat Frënn schéi Momenter verbréngen am Respekt vun de Spillregelen an och dermat eens ginn och mol net ze gewannen. Kanner solle spillen (kënnen). Wann dat dann och mat e bësschen Ustrengung a Schweess verbonnen ass a vläicht an der frëscher Loft geschitt, dann ass dat och nach gutt fir d’Gesondheet. Ech weess, iech vu Gesondheet ze schwätzen ass net cool. Mais wann dir elo gutt Gewunnechte kritt, iech regelméisseg (z.B. duerch Spillen) ze beweegen, da bleift déi Gewunnecht vläicht, wann dir méi grouss sidd an dann no ärer Gesondheet wëllt kucken.

A propos:

Spille kann een och doheem mat den Elteren, den Nopeschkanner an deenen hiren Elteren.Vläicht kënnt dir hinnen e Spill bäibréngen dat si nach net kennen oder ëmgedréint: si weisen iech e Spill dat dir nach ni gespillt hutt.

A wann der Gebuertsdag hutt oder fir Niklosdag kënnt dir jo Saachen op är Wonschlëscht schreiwen mat deenen een flott spillen a sech beweege kann. Ech denken do un e Ball, eng Rackett, e Sprangseel, Roller-blades, e Velo….Dir wësst am Beschten wat iech giff zousoen. Dir gesitt, dat kann eng spannend Saach ginn.Et wënscht iech vill Spaass beim Spillen äre Sportminister Romain Schneider

Virwuert

Page 4: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

2

Saït 2009 ginn am Kannerwierk vun der elisabeth an Zesum-menaarbecht mat engem interministerielle Grupp, deen aus dem Familjen- an Integratiounsministère, dem Gesondheetsministère, dem Sportsministère an dem Ministère fir Erzéiung a professionell Weiter-bildung besteet, d’Aktiounswochen „Gesond iessen, Méi bewegen“ organiséiert.

Am Juni 2011 fënnt déi 5. Editioun vun dëse GIMB-Woche statt, dës Kéier mam Schwéierpunkt Bewegung an alles wat dozou gehéiert. An der elisabeth leeë mir net nëmme Wäert op eng gesond an équili-bréiert Ernährung, mais och eng regelméisseg Bewegung ass d’Basis vun enger gudder Gesondheet a gehéiert zu enger optimaler Entwéck-lung vum Kand dozou. An wie beweegt sech léiwer wi d’Kanner?

Dofir ass et wichteg, dass mir de Kanner sou fréi wi méiglech Freed un der Bewegung vermëttelen an fir dass si och spéider an hirem Liewen dës gutt Gewunnechte bäibehalen (z.B. andeems se aktivë Member an engem Sportsclub ginn). Dofir wëlle mir mat dëser Brochure all Kanner, Familjen, Erzéier an Enseignanten encoura- géieren, fir an de Pausen, doheem oder ënnerwee Gebrauch vun dëse Spiller ze maachen an esou e „bewegten“ Alldag ze kréien.

Sylvie GrethenRecherche & Formation

Bewegung an Ernährung - zwee wichteg Momenter am pädagogeschen Alldag bei elisabeth

Page 5: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

3

Page 6: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

4

Maison Relais - DuelemNina

Seelsprangen› Spillverlaf:Am Seelsprangen kann een zesumme mat anere Kanner oder eleng spillen. Wien eleng spillt, hält d’Seel sou an den Hänn, datt d’Seel bis bei d‘Knéchele reecht. Elo gëtt d’Seel vun hannen no vir iwwer de Kapp gedréint. Eier d’Seel d’Féiss erreecht, spréngt een driwwer an et dréint ee weider.

„Profien“ ënnert iech kënne bestëmmt och hannertzeg sprangen oder mat gekräitzten Äerm sprangen.

› Variatiounen: Teddybär-Spill

D’Kanner huelen ee laangt Seel, wat net ze liicht däerf sinn. Zwee Kanner halen d’Seel jeeweils un engem Enn fest a schwéngen et ronderëm. Dat drëtt Kand, den „Teddybär“, muss elo erasprangen an den Uweisungen vun den zwee aneren Kanner follegen, déi zum Beispill sangen:

Teddybär, Teddybär, sprang eran!Teddybär, Teddybär, hief däi Been!Teddybär, Teddybär, maach dech kromm!Teddybär, Teddybär, dréi dech ëm!Teddybär, Teddybär, rou dech aus!Teddybär, Teddbär, sprang eraus!

Flott ass et och, 2 grouss Seeler ze huelen, mat enger Hand gëtt vu riets no lénks gedréint a mat der anerer vu lénks no riets. D’Erasprangen an d’Seel verlaangt vill Konzentratioun, a Koordinatioun ass och gefrot. Bei enger „Vite“ kann een dann seng ganz „Sprangkënschten“ ënner Beweis stellen

Ech sprange schrecklech

gären am Seel.

Page 7: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

5

Volleyball› Régles du jeu:Afin de moderniser ce sport traditionnel, voici quelques proposi-tions:

Formez 4 équipes de 4 personnes par terrain: Chacque membre du petit sous-groupe tient un côté d’un drap avec lequel on essaie d’attraper le ballon et de le lancer par-dessus le filet.

Jouez en restant assis. Formez, dans ce cas, de plus grandes équipes.

Couvrez le filet avec des draps afin de ne plus voir à travers.

Le ballon doit d’abord être attrapé avant de le relancer au-dessus du filet. Dans cette variante il est interdit de smasher le ballon.

Maison Relais - HarelMichael SchenkChargé de direction

Ech hunn 18 Joer Fussball gespillt. Elo ass Triathlon a Vëlo fuere mäi

Sport.

Page 8: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

6

Murmel-Spiele› SpielverlaufKlickerschnippen

Bei diesem Spiel werden die Murmeln. (Klicker) mit gekrümmtem Zeigefinger in ein kleines Loch im Boden (Kuhle) geschnippt. Wer die meisten Kugeln in die Kuhle befördert, hat gewonnen.

› Spielvariante:Murmelversenken

Zu Beginn dieses Spiels gibt jeder der Spieler so viele seiner Murmeln her, dass sechs zusammenkommen. Der erste Spieler wirft von einer zuvor festgelegten Linie aus alle sechs Murmeln in Richtung einer kleinen Kuhle. Glückt dies, so hat der Spieler gewonnen und darf alle sechs Murmeln behalten. Jetzt darf der nächste Spieler versuchen, mit dem gekrümmten Zeigefinger die übrigen Murmeln in die Kuhle zu schnippen. Sobald eine Murmel daneben geht, ist die Reihe am nächsten Spieler. Wer die letzte Murmel in der Kuhle versenkt, hat das Spiel und damit alle Mur-meln gewonnen

Kannerland Foyer de JourAlexandroMat de Jicke

spillen ass cool !

Page 9: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

7

Maison Relais - ConterPascale HutChargée de direction Ech spille säit

16 Joer Basket

1

A B C

2

D E F

3

G H I

4

J K L

5

M N O

6

P Q R

7

S T U

8

V W X

9Y Z

Handyjumping› Spillverlaf:Dëst Spill ass eng nei Variant vum „Haiserchers-Spill”.

Et gi mat faarweger Kräid kombinéiert Zuelen a Buschtawe wéi op enger Handytastatur op de Schoulhaff gemoolt.

Et gëllt, vun de Matspiller geruffe Wierder richteg ze sprangen.

Dat ass flott ze spillen an hëlleft d‘ Buschtawen ze léieren.

Page 10: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

8

Gummitwist mecht mir immens

vill Spaas

Maison Relais - ËlwenJoào

Gummitwist› Spielverlauf:Bei Gummitwist spielen meist drei Kinder zusammen. Benötigt wird ein ca. vier Meter langes Gummiseil, das an den Enden verknotet wird. Etwa zwei Meter voneinander entfernt stellen sich zwei Kinder auf und spannen das Gummi in Fußknöchelhöhe so um ihre Beine, dass eine Gasse entsteht. Je höher das Seil im weiteren Spielverlauf gespannt wird, z.B. auf Kniehöhe, umso schwieriger wird es. Das dritte Kind muss verschiedene Sprungfolgen bewältigen, beispielsweise:

• Aus dem Lauf heraus über die Gasse springen.

• Mit beiden Füßen auf das erste Seil springen und dann über das zweite hinweg.

• Mit beiden Füßen auf das zweite Seil springen und rückwärts wieder hinaus.

• Mit einem Bein in die Gasse springen und auf dem anderen Bein landen.

› Spielvariante:Erfahrene Spieler bauen Schwierigkeiten ein, indem die Gummiband-halter ihre Beinstellung verändern: Während das eine Kind die Beine grätscht, stellt das andere sie zusammen und umgekehrt.

Page 11: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

9

Meng Sportart ass d’Schwammen,

well Waaser main Element ass.

Maison Relais - MunnerefManon ReiserChargée de direction

Rapper-Kap› Spillverlaf:Et ginn zwou gläich staark Equipë gebillt, déi sech an engem Ofstand vunn ca. véier Meter an enger Linn vis à vis stinn. An der Mëtt tëschent den zwou Linne läit eng Kap. Déi zwou Mannschafte gi vu lénks no riets duerch nummeréiert. Beim Opruff vun enger Nummer lafen déi zwee Matspiller, déi dës Nummer hunn, an d‘Mëtt.

Ziel ass, d‘Kap méiglechst séier ze gräifen an si an déi eegen Equipe ze bréngen - dofir kritt d’Equipe dann e Punkt.

Opgepasst: wann een d‘Kapp huet, kann ee vu sengem Géigner nach verfollegt an ofgeschloe ginn.

Heiansdo kënnt et vir, datt sech déi zwee Géigner an der Mëtt vis-à-vis stinn, a keen dozou kënnt, d‘Kap ze huelen. Da kann eng zousätzlech Nummer geruff ginn. Dës zwee Matspiller kënnen sech elo d’Kap huelen. Mee, opgepasst: et däerfen sech just déi Matspiller mat der gläicher Nummer verfollegen.

Asaz mat dem Kierper ass méiglech, wann allerdings zwee Matspiller un der Kap zéien, geet e Punkt verluer.

Page 12: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

10

1, 2, 3, Glace› Règles du jeu:Ce jeu peut se faire avec un nombre illimité de participants. Un enfant se trouve devant une paroi ou un mur et tourne le dos à tous les autres joueurs. Ceux-ci se trouvent tous sur une même ligne de départ à une certaine distance du mur.

L’enfant tape 3 fois avec sa main contre le mur en criant : 1, 2, 3, glace !!! Pendant ce bref instant, tous les autres essaient de s’approcher le plus vite que possible du mur. Quand le premier enfant se retourne, il s’agit de ne plus bouger du tout pendant au moins 20 secondes.

Dès qu’un malheureux bouge, il est renvoyé à la ligne de départ. L’enfant qui touche le premier le mur a gagné et peut à son tour initier le jeu.

EchEch spille gären 1,2,3, Glace mat

menge Frënn

Maison Relais - Bus Lara

Page 13: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

11

Frisbee -Golf› Spielverlauf:Beim Frisbee-Golf brauchen die Spieler weder Schläger noch Bälle und erst recht keine kostspielige Ausrüstung. Hier sind die richtigen Scheiben und viel Fingerspitzengefühl gefragt.

Die Regeln beim Frisbee-Golf ähneln denen des klassischen Golfspiels, nur dass eben nicht auf einem Rasenplatz gespielt wird. Vielmehr sind es flache Körbe, in die es „einzulochen“ gilt. Gespielt wird Frisbee-Golf auf einem Parcours mit neun bis 18 „Löchern”, eben jenen flachen Körben, in welche die Frisbee-Scheiben befördert werden müssen.

Jeder Spieler muss mit möglichst wenigen Würfen seine Scheibe in den Korb werfen. Je weniger Versuche man braucht, umso besser. Auch beim Frisbee-Golf gibt es das klassische Einputten. Wettkampfspieler haben für diesen Parcours verschiedene Scheiben, die sich in Gewicht und Griffigkeit unterscheiden, genauso wie Golfspieler verschiedene Schläger haben.

Für ein zielgenaues Einputten kommt zum Beispiel eine besonders dicke und schwere Scheibe zum Einsatz, die nur für kurze Distanzen genom-men wird. Die so genannten Driver sind Scheiben, die eine besonders gute Aerodynamik haben und weit geworfen werden können.

Gewonnen hat derjenige, der die wenigsten Versuche braucht.

Maison Relais - FréisengSonja GentileChargée de direction

Ech danze schon méi wei 20 Joer laang

Page 14: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

1212

Haisercher› Spillverlaf:Mat engem Steen oder Kräid ginn d’Haisercher op de Buedem gemoolt. An dat 1. Haischen gëtt vun engem Spiller e Steen gehäit, an dee Spiller spréngt op engem Been vun engem Haischen an dat anert, mécht uewen d‘Kéier a sprengt nees erof.

Duerno gëtt de Steen an dat 2. Haische gehäit, asw. Et muss een iwwert d’Haische mam Steen sprangen a wann een erofkënnt, muss een de Steen oprafen.

A wien et gepackt huet, duerch all déi Haisercher ze sprangen, ouni de Steen ze beréieren, deen huet gewonnen.

Maison Relais Rousennascht - SchierenFabio

Ech spillen am léifsten mam Ball oder Haisercher

1

23

6

54

Page 15: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

1313

Maison Relais Schoulkauz - Wilwerwiltz Marc ThillChargé de direction Säit bal 25 Joer

spillen ech lo Fussball am

Veräin

Quick-Ball › Spillverlaf:Zwou Equipen, verdeelen sech iwwer dat ganzt Spillfeld.

Elo muss eng Equipe déi aner komplett mat engem Ball ofschéissen. Als getraff gëllt, wien ënnerhalb vum Knéi getraff ginn ass.

D’Zäit dofir gëtt mat enger Auer gestoppt, uschléissend wiesselen d’Equipen.

Di séierst Equipe huet gewonn.

Page 16: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

1414

Pëppercher› Règles du jeu:Un grand nombre d’enfants peut participer à ce jeu. Chaque enfant représente un pays, p.ex. l’Italie, le Luxembourg etc.. Un enfant lance un ballon en l’air tout en appelant un pays. L’enfant répondant à ce pays doit essayer d’attraper le ballon pendant que les autres enfants courent pour s’éloigner le plus possible.

Dès que le premier enfant a attrapé le ballon, la course est terminée pour les autres. Chaque joueur forme alors une sorte de panier avec ses bras. L’enfant avec le ballon essaye de marquer un panier de son choix. Si l’enfant n’y arrive pas, le jeu recommence avec le même enfant au ballon.

S’il arrive par contre à marquer son panier, c’est à l’enfant «panier» en question de recommencer en criant le nom d’un pays.

Maison Relais - NoumerFiona Beim Pëpperchers-

spill ass ëmmer eng lass

Page 17: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

1515

Maison Relais - BiissenPatricia HeusbourgEducatrice graduée

A menger Fräizaït ginn

ech gären klammen

Speedminton› Spielverlauf:Jeder kennt wahrscheinlich Federball, und auch Badminton, die wett-kampfmäßige Form des Federballs, kennen die meisten Menschen. Was aber ist Speedminton? Etwas salopp gesagt, ist Speedminton die schnellste Möglichkeit, Badminton oder Federball zu spielen. Und das macht immer großen Spaß.

Speedminton kann in jedem Alter gespielt werden und setzt auch keine besondere Fitness voraus. Wer Speedminton im Freien spielen will, der sollte sich das Spielfeld entweder markieren oder abstecken. Jeder Spieler hat ein Quadrat von 5,5 m und zwischen den beiden Spielfeldern muss ein Abstand von 12,8 m liegen. Wenn Kinder mit-spielen, sollte der Abstand nur 9,2 m betragen, denn das macht das Laufen weniger anstrengend und man ermüdet nicht so schnell.

Speedminton kann in zwei Varianten gespielt werden. Entweder man spielt nach Punkten, wie es bei Speedminton-Wettbewerben der Fall ist, oder man versucht einfach nur, den Speeder möglichst lange in der Luft zu halten. Wenn nach Wettkampfregeln gespielt wird, dann wird das Spiel über zwei Gewinnsätze gespielt. Wer als erster 16 Punkte mit zwei Punkten Abstand erreicht, der hat den Satz gewon-nen. Nach jedem Satz werden die Seiten gewechselt, damit jeder Spieler die gleichen Bedingungen bei Wind- und Lichtverhältnissen hat.

Speedminton kann übrigens auch im Dunkeln gespielt werden, denn es gibt extra Speeder mit einer fluoreszierenden Oberfläche, was das Spiel umso spannender macht. Wenn bei Dunkelheit im Freien gespielt wird, dann sollte vorher überprüft werden, ob der Boden wirklich eben ist.

Page 18: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

16

Page 19: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

17

Im Rahmen der pädagogischen Projekte hat das elisabeth-Kanner-wierk die Initiative ergriffen und im April 2011 in der Maison Relais Harel eine „Vëlosschoul” gegründet. Die Fahrradschule richtet sich derzeit an 216 Kinder des „Cycle 3 - 4“ der „Ecole régionale de Harlange“. Ziel ist, einen neuen Schwerpunkt in der Region zu setzen und als Langzeitprojekt die Öffentlichkeit, die Eltern und die Kinder der betreffenden Gemeinden für die Themen Sicherheit und Bewegung im Alltag zu sensibilisieren und gleichzeitig auf die Bedürfnisse der Kinder einzugehen. Eine Kooperation mit der Schule sowie den re-gionalen Fahrradvereinen wird zusätzlich angestrebt. Nachdem sich die Kinder angemeldet haben, können sie in der Maison Relais Harel Dienstag- und Donnerstag nachmittags mit ihrem eigenen Fahrrad wichtige Techniken erlernen, und sich von einem ausgebildeten Erzieherteam in unterschiedlichen Bereichen fördern lassen. Daneben stehen der Spaß am Sport sowie Teamgeist und Fair-Play im Fokus der anzustrebenden Zielsetzung.

Ein spezieller Dank richtet sich ans Sportministerium, welches das Projekt mit einer finanziellen Beteiligung unterstützt, wie auch an alle anderen Partner und Personen, die zur Realisierung des Projekts beigetragen haben.

Christiane HarpesDirection Secteur jour Anne asbl

Projekt “Vëlosschoul“ in der Maison Relais Harel

Page 20: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

18

Meng Säit :Spiller, Fotoen, Notizen....

Page 21: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

19

Page 22: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

20

Eis Häiser:

Centre d’accueil pour enfants et adolescentsKannerland Centre d’Accueil – 59A avenue Victor Hugo • L-1750 Luxembourg • 46 21 31-1Foyer Ste Elisabeth – 18 rue des Franciscains • L-4125 Esch-sur-Alzette • 55 27 28-1

Centre spécialisé de la petite enfanceMaison Françoise Dolto – 8C rue de l’Ermitage • L-5821 Howald • 24 83 13-1

Internat socio-familialInternat Privé Ste Elisabeth – 1A rue du Cimetière • L-9912 Troisvierges • 99 74 07-1

Structure d’accueil de jourSemi-Internat – 1A rue du Cimetière • L-9912 Troisvierges • 99 74 07-1

Crèche/Garderie (enfants non scolarisés de 0-4 ans)Crèche Bim Bam – 79A route de Luxembourg • L-9125 Schieren • 26 80 57-90Crèche François-Elisabeth – 9 rue Edward Steichen • L-2540 Luxembourg • 2468-2582Garderie Bei de Klautercher – 6 route de Mersch • L-7780 Bissen • 83 50 03-94Garderie Butzenhaff – 5 rue des Chapelles • L-7421 Cruchten • 26 88 50 85Garderie Eis Wibbelmais – Ancienne Ecole • L-9648 Erpeldange (Eschweiler) • 950 950Spillkëscht Mutfert – Rue de Medingen • L-5335 Moutfort • 35 84 02

Maison de jeunes (enfants de 12-24 ans)Jugendhaus Munneref – 18 route de Luxembourg • L-5634 Mondorf-les-Bains • 26 67 02 69

Maison relais (enfants scolarisés de 4-12 ans)Kannerland Foyer de Jour – 59A avenue Victor Hugo • L-1750 Luxembourg • 46 21 31-1Maison Relais Biissen – 9 route de Mersch • L-7780 Bissen • 26 88 62 208Maison Relais Bus – 11 rue de Luxembourg • L-5408 Bous • 26 70 87 20Maison Relais Conter – 40 rue de Syren • L-5316 Contern • 26 78 69 60Maison Relais Duelem – 20 Kierlingerstrooss • L-5685 Dalheim • 23 66 85 96-47Maison Relais Ëlwen – 1A rue du Cimetière • L-9912 Troisvierges • 99 74 07-1Maison Relais Fréiseng – 13 Robert-Schuman-Strooss • L-5751 Frisange • 26 67 42 01Maison Relais Harel – 15 rue Mgr Fallize • L-9655 Harlange • 93 70 90-215Maison Relais Munneref – 3 avenue des Villes Jumelées • L-5612 Mondorf-les-Bains • 23 60 55 780Maison Relais Noumer – 31-33 rue Principale • L-7465 Nommern • 26 87 15 18Maison Relais Rousennascht – 5 cité St-Blaise • L-9117 Schieren • 81 70 53 60Maison Relais Schoulkauz – 17-19 a Millefeld • L-9776 Wilwerwiltz • 26 91 25 50

Impressum:elisabeth Kannerwierk (Gestionnaire: Anne asbl)Département Recherche et Formation

Adresse: 24 bvd Joseph II L-1840 LuxembourgTél.: 20 40 40 43 80Fax: 26 45 93 34

Email: [email protected]

Page 23: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

21

Page 24: Meng Bewegungsspiller Mes jeux préférés - · PDF filePantone Red 032 U Pantone 300 U Pantone 297 U 100% Magenta / 100% Yellow Quadrichromie Spot Colors ... der Kap zéien, geet

Pantone Red 032 UPantone 300 UPantone 297 U

100% Magenta / 100% Yellow

Quadrichromie Spot Colors

100% Cyan / 44% Magenta 50% Cyan

Diplom“ De klenge Bewegungsexpert”

Huet bei der Aktioun “Gesond iessen, Méi bewegen” an den Ariichtungen vum elisabeth-Kannerwierk matgemeet a wees elo wéi wichteg et ass sech all Dag vill ze bewegen a gesond ze iessen. Frësch Saachen ouni zevill Zocker a Fett sou wéi sportlech Aktivitéiten gehéieren zu senger Ernährung an engem gesonden Ausgläich am Alldag derzou.

www.elisabeth.lu